FS2 Logo

L'association

D'Association des Anciens Étudiants Luxembourgeois de Suisse Romande ass den 28. Oktober 1993 duerch eng Assemblée constituante am Cercle Münster gegrënnt ginn.

Den (FS)2, Fréier Studenten aus der franséischer Schwäiz A.s.b.l. ass zanter dem 3. Mäerz 2015 eng Association sans but lucratif (R.C.S. Luxembourg F 10.257). D'Statute kann een hei noliesen.

D'Objektiver vun der Associatioun sinn folgendermoossen definéiert ginn:

  • Bezéiungen zweschen fréiere Studenten vun dene verschiddene Schoulen aus dem Enseignement supérieur an der franséischsprocheger Schwäiz (Suisse romande) hierstellen an oprecht erhaalen,
  • eng Relatioun zweschen denen alen an neie Studente knäppen,
  • potentielle Studenten mat Informatiounen an Dokumentatioun zu Studien an der franséischsprocheger Schwäiz zur Verfügung stoen.

Loosse mer och nach drun erenneren, dass wéinst dem Wechfall vun der Associatioun vun den Ancien'en vun der EPFL zu Lëtzebuerg eis Associatioun den eenzege Forum ass wou d' "Suisses Romandes" sech kënnen austauschen.